De 26 Januar, huet d’2GSO2, zesumme mat hiren Enseignantë d’Ausstellung „Who’s next“ an der Abtei Neimënster besicht.
Dës Ausstellung, realiséiert vum Architekturmuseum vun der Technescher Universitéit München (Pinakothek der Moderne), setzt sech mam Thema vun de Sans-abri auserneen, engem Phänomen wat och zu Lëtzebuerg ëmmer mei u Relevanz gewënnt. Si huet als Ziel, e méi differenzéierte Bléck op de Problem z'entwéckelen an engem radikale Rejet dervunner entgéintzewierken.
D‘Erklärunge vun eisem Guide a vun engem Streetworker vun Inter-Actions Asbl, hunn eise Schüler et erlaabt déi vill Facette vum Sans-abrisme zu Lëtzebuerg besser ze verstoen. Esou ass d’Grenz tëschent Drogenofhängegen a Sans-abri, bedengt duerch d’Verbreedung vun Drogen, an de leschte Joren ëmmer mei verschwommen.
D’Ausstellung huet et de Schüler erméiglecht, Themen, déi schonn am Kader vum Cours behandelt goufen, besser ze verstoen an ze verdéifen. Gläichzäiteg déngt dës Visitt als Virbereedung fir hir Première, wou e ganzt Kapitel an der Soziologie fir d‘Thema vun de sozialen Ongerechtegkeete reservéiert ass.