Projet: "Fairnesty"

Projet: "Fairnesty"

Am Kader vun eisem Cours Gestion de projets, hun mir, véier Schülerinne vun der 2GCG fir eise Projet Fairnesty  den 7. Mäerz an der Epicerie sociale zu Réiden fir e Grupp vun Beneficiairë vun der Epicerie sociale gekacht.

 Um Menü waren Gourgetten die mat Gehacktes gefëllt an mat Keis iwwerbaack waren als Beilaag haaten mir eng Zoos dëi mir aus Naturyougurt bessen Knuewlek an puer Kreider gemaach hunn an mir hunn och nach Räis derbäi gemaach. Als Dessert haaten mir die Idee eng Uebstzalot ze maachen daat war gesond an och erfrëchent. 

Mir hunn dobäi e flotten Echange gehat an hunn geléiert dat den sozialen Kontakt immens wichteg ass grad fir Leit dëi vill an hierem Liewen verluer hunn. Mir hunn einfach och gemieckt wie frou sie waren fir mat eis ze schwätzen an mir hunn och vill zesummen gelaacht an geschwaat. Waat eis och gefreet huet ass, dass et jidderengem geschmaacht huet an jiddereen war zefridden mat deem waat mir all zesummen gekacht hunn. Et ass och schein wann een all zesummen kann kachen sou, dass jiddereen konnt eppes zum Endresultat bäidroen an dann daat waat een zesummen gemaach huet dono och zesummen iessen kann. 

 

Mir sammelen och Kleeder fir d’Kleederstuff vum Fairnesszenter. Wann dir Kleeder hutt déi dir net méi braucht, gitt se an eis Këscht bei der Entrée. Mir freen eis fir all daat waat dir eis gitt an emsou mëi kennen mir hëllefen.

Angie, Chloé, Karolina, Yana 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons