Am Kader vum Pride Run zu Lëtzebuerg war den ALR och dëst Joer mat enger motivéierter Delegatioun vu Leefer*innen a Walker dobäi.
E grousse Merci un all déi, déi matgemaach hunn a mat hirer Präsenz Solidaritéit gewisen hunn. Fir den ALR ass dat e wichtegt Zeechen, datt mir eis Wäerter net nëmmen um Pabeier stoen hunn, mee datt mir se och liewen – oder, besser gesot, lafen.
Besonnesch an dësen Zäiten ass et wichteg, sech anzesetzen a kloer ze weisen, datt Respekt, Diversitéit an Zesummenhalt fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft sinn. Eng Gesellschaft gëtt net vun deenen definéiert, déi am meeschte polariséieren, mee vun deenen, déi sech fir en oppent, respektvollt a solidarescht Zesummeliewe asetzen.
Mir si stolz a virun allem proud op all déi, déi matgelaf oder matgaange sinn an esou e staarkt Zeeche fir Toleranz a Mënschlechkeet gesat hunn.
Merci fir äert Engagement an déi gutt Stëmmung!