Open-Mic Event

Open-Mic Event

Am Kader vun de Festivitéite fir 10 Joer ALR gouf den 2. Abrëll en Open-Mic Event opgefouert. Schülerinnen a Schüler aus dem ALR an der Ecole privée Fieldgen haten d’Méiglechkeet mat engem Song virun 200 Léit opzetrieden.

Dobäi sinn si vun der Band vun der regionaler Museksschoul Réiden, déi sech aus Enseignanten vun der Museksschoul zesumme setzt, begleet ginn.

D’Schüler hunn sech am Virfeld e Lidd erausgesicht an dëst ass vun der MSR-Band arrangéiert an ageprouft ginn.

Fir d’Schülerinnen an d’Schüler op der Bühn war den Open-Mic eng immens positiv Erfarung, d’Resonanz vum Public war absolut positiv.

E grousse Merci un d‘ Museker an d’Sängerinne vun der Museksschoul Réiden an d’Organisateure vum Event, Michèle Heusbourg an Daniel Balthasar.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons