Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ass et fir eis Mini-entreprisen net einfach fir hir Produiten ze vermaarten.
Dofir hunn de Bob an de Joé vun der Geleeënheet profitéiert fir kënnen un enger Vente en commun an engem eidele Geschäftslokal an der Stad deel ze huelen.
Organiséiert gouf dës Aktioun vun de Jonk Entrepreneuren an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg.
Et flotten Artikel dozou gouf ënnert dësem Link vum Lëtzebuerger Wort publizéiert : https://www.wort.lu/de/business/festival-der-mini-entreprisen-startet-6058d042de135b92362f4e57
Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.