Mëttwochs, de 25. Februar ass d’Klass 2CLC d’Chamber besiche gaangen.
Moies goufe mir vun der Mme Feipel aus dem Zentrum fir politesch Bildung virun der Chamber an dem Palais begréisst. Den Dag hu mir mat enger klenger Aktivitéit ugefaangen, wou mir erkläert krute wei de Staat funktionéiert. Duerno hu mir eis eege Parteie gegrënnt, wou mir eis Iddie vertriede konnten.
No der Mëttegpaus, konnte mir eis Froen iwwerleeën, déi mir de Politiker stelle konnten. Déi Froe goufe vun den Deputéiert Franz Fayot a Ricardo Marques beäntwert. No der interessanter Diskussiounsronn, krut d’Klass nach eng Féierung duerch d’Haaptgebai vun der Chamber.
Dës Visitt huet eis ee besseren Abléck an d’Welt vun der Politik erméiglecht a mir haten een interessanten an informativen Dag, wou mir och vill Spaass haten.