Den 21 Mee, waren d’Schüler*innen vun der 2TPCM, 2G an 2D an der Stad bei der Spuerkees op enger „Matinée éducation financière“.
An engem éischten Atelier „Comprendre la bourse et les actions“ kruten si d’Virdeeler vun Aktien erkläert. D’Experte vun der Spuerkees hunn hinnen unhand vun konkrete Beispiller gewisen wéi een am Beschten virgoe soll fir sech e Portfolio opzebauen. Natierlech goufen déi dräi Klassen och op d’Risiken vun enger Investitioun an Aktien opmierksam gemaach.
An enger zweeter Partie „ La théorie mise en pratique au regard de l’actualité internationale » kruten si vum William Telkes, Chefekonomist vun der BCEE een Abléck an déi wichtegst ekonomesch Indikateuren a wéi dës ze interpretéieren sinn.
Dës Aktivitéit preparéiert eis 2e Schüler*innen schonn op dat nächst Schouljoer, wou si méi am Detail gesi wäerten wéi eng Facteuren zu de Fluktuatiounen an der Ekonomie féieren.
Mir soen der Spuerkees Merci fir dës interessant Aktivitéit déi den Schüler*innen een Abléck an een Deel vun der Ekonomie gëtt, deen iwwert dat eraus geet wat an den Coursen behandelt gëtt.
E Merci moch un d‘Madamm Carole Tompers an den Här Marc Welter vum Script, déi eis bei dëser Visitt begleet hunn an déi dës Aktivitéit zesumme mat der Spuerkees ausgeschafft hunn.