Vum 24. bis den 28. Juni war et endlech sou wäit eng laangjäreg Traditioun erëm opliewen ze loossen : Mam Vëlo an den ALR.
Wärend enger ganzer Woch sinn d’Schüler wéi awer och d’Personal aus dem ALR mat Zäiten opgestan fir Moies mam Vëlo an d’Schoul ze kommen. Fir all déi motivéiert Vëlosfuerer (déi éischt Schüler ware schonn um 20 fir 7 an der Schoul) gouf et Moies e Croissant, e Jus, e Stéck Uebst an e puer Gadgeten. Vun Dag zu Dag hunn sech ëmmer méi Schüler op de Vëlo getraut : 90 Schüler am ganzen a 6 Leit vum Personal. Insgesamt sinn esou 4512 km gefuer ginn, dovunner huet de Luc Micket aus der 6C4 ganzer 220 km zeréckgeluecht. Domadder ass hien ob 1. Plaz virum Pol Libar aus der 2GSO2 mat 152 km an dem Pascale Mayers aus der 3GSO2 mat 144 km.
2 Klassen deelen sech déi 1. Plaz, 7P2 a 6C3, wärend 7G4 op déi 3. Plaz kënnt.
Och beim Personal konnte Präisser verdeelt ginn : 1. Plaz : Michael Seer ; 2. Plaz : Carole Kieffer an 3. Plaz : Laurent Pater.
Fir eng nei Editioun Mam Vëlo an den ALR war d’lescht Woch e vollen Erfolleg a mir soen op dëser Plaz jidderengem e grousse Merci deen sech, mat oder ouni Vëlo, un der Vëloswoch bedeelegt huet.
Den Organisatiounsgrupp Mam Vëlo an den ALR