Léieraktivitéiten dobaussen

Léieraktivitéiten dobaussen

Am Mount Mäerz hunn d’6e an 4e Klassen am Kader vum ProEt "ALLRAUS" verschidde Léieraktivitéiten dobaussen duerchgefouert. Am Kader vum "Draußenmontag" hunn d’Schülerinnen a Schüler an der Natur an am Duerf ronderëm de Lycée geschafft an dobäi thematesch Aktivitéite gemaach, déi direkt mam Unterrecht verbonne waren.

D’6e Klassen hunn dobäi en Draußentag zum Thema „Wenn Muster Geschichten erzählen“ um Site vum ALR an am Bësch verbruecht. D’Schülerinnen a Schüler hu Muster an der Natur an an hirer Ëmwelt entdeckt, analyséiert an interpretéiert. Dës Aktivitéit war interdisziplinär opgebaut a huet Fächer wéi Mathematik, Geschicht, Geographie, Däitsch an VIESO matenee verbonnen. Sou konnten d’Schülerinnen a Schüler zesummenhäng erkennen, kreativ schaffen an hir Ëmwelt op eng nei Aart a Weis entdecken.

D’4e Klassen hunn sech mat der Analys vum Liewensraum ronderëm de Lycée an am Duerf Redange beschäftegt. Si hunn ënnersicht, wéi verschidde Plazen genotzt ginn, méiglech Ongläichheete festgestallt an Iddien entwéckelt, fir de Liewensraum nach méi attraktiv a nohalteg ze gestalten.

Dës Aktivitéiten hunn et de Schülerinnen a Schüler erméiglecht, praxisno, aktiv an interdisziplinär ze léieren, dobäi Verantwortung ze iwwerhuelen an hir Ëmwelt bewosst ze entdecken — ganz am Sënn vum Projet "ALLRAUS: Draußen lernen. Lernen das bleibt"

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons