Keen Zereck (2017)

Pünktlech zur HalloweenZäit de neie Film vum Studio ALR.

Ëm wat geet et?

Zwou jonk Koppelen wëllen am Bësch eng Nuecht campen. An deem Bësch wou den Zag Rainer, e räiche Mogul, Experimenter mat Läiche maache gelooss huet. Dës Experimenter sinn awer feelgeschloen, an den Zag Rainer wëll mat sengem Killer Brutus déi ausser Kontroll gerode Zombies ofschéisse loossen. Natierlech däerf keen eppes vun dësem Experiment matkréien.

Ufanks 2017 hu mir richteg Gas ginn an eis fir e Kuerzfilm decidéiert, mam Wëssen dass dat eng ganz grouss Eräusfuederung géif ginn.

No Virstellung vun e puer Storien gouf dann fir d'Dréihbuch vum Pol Franck gestëmmt: Een Horrofilm.

Wou dann ugefange gouf mat filmen, hu mir déi ganz Geschicht ëmmer méi misse vereinfache fir eis Ressourcen net komplett ze iwwerfuederen. Mir ware puer mol geplot mam Wieder, wat net ëmmer matgespillt huet. D'Dréihaarbechten hu vum Fréijoer bis an den Hierscht gedauert. Dëst laang Dréidauer war e Probleim beim Editing, fir dass enn am Film net mierkt dass d'Wieder mol waarm mol stiermech war oder et souguer gereent huet. 

D'Musék gouf vun der Songwriting Option ALR 2016/2017 ënnert der Leedung vum Daniel Balthasar gemaach.

Produktioun: Studio ALR,  2017
Dauer: 11.41 min


Keen Zereck (2017)

 

Acteure:

Aaron Hoja
Pol Frank
Petit Chris
Gilbert Klee
Sarah Ewertz
Daron Gomes Rodrigues
Daniel Balthasar
Jil Jungblut
Carina Figeuiredo
Matthéo Saïdi
Jo Bruck
Michèle Heusbourg
Sarah Verzin

Toun:

Daniel Balthasar
Sam Ney
Nick Felten

Regie:

Pol Frank
Daniel Balthasar
Gilbert Klee
Michèle Heusbourg

Kamera:

Petit Chris
Daniel Balthasar
Gilbert Klee

Schnett:

Gilbert Klee

Spriecher:

Sarah Ewertz
Jil Jungblut

Make-Up:

Gilbert Klee


Galerie:

 

Zréck op d'Studio ALR Haaptsäit

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons