Och déi leschten Deeg vum Schouljoer ware sportlech am ALR.
Journée des Finales: Iwwer 200 Schüler a 4 Proffenekippen hunn dëst Joer op der Journée des Finales deelgeholl.
D'Gewënnerekippen an hire Kategorien am Fussball sinn 7G3, 6G3, 5AD2, 4GCM, 3CLDEG2, 2GSO2. Am Basketball sinn et d'Klassen 3CC2, 5C2, 6G2. D'Gewënner vun der WM sinn d'Ekippen FC AD a Baka Fodes.
Badminton Turnéier: Ronn 65 Spiller*innen hunn sech um leschte Schouldag eng leschte Kéier virun der wuelverdéngte Vakanz am Badminton gemooss.
An enger spannender Finale hunn d'Proffen dëst Joer missen de Championstitel un d'Schüler ofginn. Den Nick Ferber séchert sech den Titel géint den Här Yves Finazzi.
Aner Matcher: Ausserdeem stoungen och nach Matcher géint Proffen an anere Sportaarten um Programm.