Den 8. an 9. Juni huet d‘4C4 un engem Austauschprojet vum ZpB matgemaach, bei deem si enger 4. Klasse vum Gymnasium Hermeskeil begéint sinn, fir sech mat hinnen zum Thema Nationalsozialismus, Shoah a Mënscherechter auszetauschen.
De Geschichtsunterrecht gouf sou duerch eng Visite vum SS-Sonderlager KZ Hinzert a verschidden Atelieren am Centre de Mémoire vu Cinqfontaines ersat. Am Zentrum vun desem Projet stung awer d‘Renconter vun denen däitschen a lëtzebuergesche Jonken, déi ganz oppen openeen duergaange sinn an déi gemeinsam Geschicht vun hire Länner mateneen opgeschafft hunn.