Gedenkwanderung de 27.01 – Fünfbrunnen a Sentier des passeurs

Gedenkwanderung de 27.01 – Fünfbrunnen a Sentier des passeurs

Zum Gedenken un 80 Joer Befreiung vum KZ-Auschwitz ware mir mat engem Grupp SuS de 27.01.2025 op Fünfbrunnen, wou mir moies d’Geleeënheet haten d'Klouschter, wat als „Jüdisches Altersheim“ vun den Nazien ëmfunktionéiert gouf, ze besichen.

Als Zäitzeie vun der 2. Generatioun huet de Julien Joseph an als Zäitzeie vun der 3. Generatioun, huet de Rob Ruijs, allebéid jüddescher Ofstamung, eis hir Geschicht vun de Schicksaler vun hire Familljen erzielt. 

D’SuS haten d’Méiglechkeet, sech mat hinnen iwwer Froen zum Thema Holocaust an d’Auswierkunge vun dem Erlieften auszetauschen.

Mëttes gouf zum Thema d’Zwangsrekrutéierung de Film iwwer d’Fluchthelfer ugebueden. Duerno hu mer eis op de Wee gemaach fir een Deel vun der Nordvariant vum   Sentier des passeurs ze trëppelen, wou mir vill iwwer d’Passeuren an iwwer d’Jongen déi geflücht si gewuer goufen. 

Ee MERCI geet un d‘Oeuvre fir hir finanziell Ënnerstëtzung an un d’Mme. Theis un un d’Mme. Jaeger fir de Ravi ënnerwee.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons