Am Kader vun de Sustainable Entrepreneurial Schools (SES) gouf den ALR fir déi véierte Kéier hannerteneen mam héchste Label, dem „N3 - Entrepreneurial Culture“, ausgezeechent.
Den Sustainable Entrepreneurial School Projet ass eng Initiativ vum „Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques” (SCRIPT) a Kollaboratioun mat der „Direction générale des Classes Moyennes“. D'Zil vun dëser Initiativ ass et, Lycéeën ze ënnerstëtzen, déi sech fir d'Entwécklung vum Entrepreneuriat, d'finanziell Bildung, d’Orientatioun vun de Schüler an déi nohalteg Entwécklung asetzen.
Mir wëllen all den Enseignanten Merci soen, déi di verschidden Aktivitéiten (Workshops, Mini-Entreprisen, Konferenzen, Concoursen, Visiten, Challenges asw.) fir eis Schüler a Schülerinnen ausgeschafft hunn an déi et dem ALR nees erméiglecht hunn, dës Auszeechnung ze kréien.
Weider Informatiounen iwwer d'SES fannt Dir ënner dësem Link.
Dans le cadre des Sustainable Entrepreneurial Schools (SES), l'ALR a reçu pour la quatrième année consécutive le plus haut label, le « N3 – Entrepreneurial Culture ».
Le projet Sustainable Entrepreneurial School est une initiative du « Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques » (SCRIPT) lancée en collaboration avec la Direction générale des Classes Moyennes. L’objectif de cette initiative est de soutenir les lycées engagés dans le développement de l'entrepreneuriat, l'éducation financière, l'orientation des élèves et le développement durable.
Nous souhaitons remercier les enseignants impliquées dans l’organisation des diverses activités (ateliers, mini-entreprises, conférences, concours, visites, défis, etc.) destinées à nos élèves et qui ont permis à l'ALR de recevoir à nouveau cette distinction.
Vous trouverez plus d’informations sur les SES en suivant ce lien.