Am Kader vun eisem UNESCO-Schouljoer sinn d’Klassen 5C3, 4CL1, 2GCG an den Talents-Grupp „Fotografie“ op Clierf gefuer, fir d’Ausstellung “The Family of Man” ze besichen.
“The Family of Man” ass eng Fotosausstellung vum Edward Steichen mat 503 schwaarz-wäiss Fotoen, vun 73 Fotografen aus 68 verschiddene Länner.
Dës Fotoausstellung weist d’Universalitéit vum Mënschsinn: gedeelten Erfarungen, Emotiounen a Liewensmomenter iwwer Kulturen eraus.
D’Schwaarz-wäiss Fotoen hunn e speziellen Effekt: ouni Faarf kann een d’Biller anescht op sech wierkeloossen.
Mir kruten eng Visite Guidée duerch d’Ausstellung gemaach. Dat war eng intressant Hëllef bei der Interpretatioun vun de Fotoen. Wann een ouni Guide geet, kann een sech vill Zäit loossen, vill kleng Detailer entdecken an sech seng ganz perséinlech Gedanken doriwwer maachen, wat et heescht, Mënsch ze sinn.
Duerch d’Fotoausstellung hu mir gemierkt, wéi dankbar mir am Alldag kënne sinn — duerch d’Representatioun vun deene verschiddene Liewenssituatiounen, an déi een als Mënsch gerode kann. Awer och, datt d'Liewen eis verbënnt, duerch d’Froen, déi een sech duerch d’Ausstellung stellt: Wee si mir? Firwat si mir hei? Wat ass den Doud?
Vläicht läit d’Äntwert net an de Fotoen — mee an deem, wat ee selwer an sech fënnt, wann een hinne géigeniwwer steet. Well an enger Welt, déi eis dacks trennt, weist “The Family of Man” dat Eenzegt, wat eis wierklech verbënnt: d’Mënschlechkeet selwer. Leed a Léift z'erliewen, zesummen ze sinn, och wann een sech friem ass - a Froen ze stellen, ouni ëmmer eng Äntwert ze kréien.