Et war eng méi lass am ALR.

Et war eng méi lass am ALR.

D’Ënn vum Schouljoer kënnt méi no, déi meescht Prüfunge si geschriwwen - mee de Rimm läit nach laang net erof!

Den Donneschdeg, de 26. Juni an de Freideg, de 27. Juni hunn eng ganz Rei Aktivitéiten am ALR stattfonnt. Dës hunn et erméiglecht, Themen aus dësem Schouljoer ze verdéiwen, sech op dat nächst Joer virzebereeden oder nei Sujeten ze entdecken, fir den Interessi vun eise Schüler z’erwächen.

Donneschdeg Moies a Mëttes hat eis Schoul Besuch vun historesche Gefierer ronderëm den Zweete Weltkrich. Den Nico Welter, eise Chef vum Service technique „en retraite“ ass zesummen mat der Quadriga komm. D’Aussteller hunn net nëmmen déi technesch Detailer vun den Exponate erkläert, mee och Hannergrënn, Zesummenhäng an Aspekter vum Alldag am Zweete Weltkrich vermëttelt. 

Mëttes war dunn eng Präsentatioun vum Astronaut Christer Fuglesang, deen am Kader vun den AsteroidDays (organiséiert vun der Asteroid Foundation) an den ALR komm ass a virun 150 Schüler iwwert seng Erfarungen op der ISS geschwat huet.

Gläichzäiteg hunn d’Schüler vun der 2GSO1 um Atelier « Whose school » deelgeholl, presentéiert vu Fairtrade Lëtzebuerg. An engem interaktive Workshop hunn si vill iwwert d’Wichtegkeet vum Fairtrade geléiert.

D’Schüler vun der 2GCG an der 2TPCM waren an enger Presentatioun vun der Fondation ABBL pour l’éducation financière. Dës Aktivitéit huet si iwwert déi sozial, ekologesch a wirtschaftlech Erausfuerderunge vun der nohalteger Finanz informéiert.

De Freideg Moien huet fir 4 vun eisen Deuxièmes Klasse mat engem Fairtrade-Früstück ugefaangen. Dono kruten si vun der Chambre de Commerce een Abléck an déi rezent Evolutioune vun der lëtzebuerger Ekonomie (wosst Dir, dass et zu Lëtzebuerg 110 Entreprisen am Beräich Défense ginn?). D’Schüler kruten och eng Introduktioun an den Entrepreneuriat: wat kënnt op een duer wann een sech selbststänneg maache wëll?

Zur selwechter Zäit huet de Zentrum fir politesch Bildung mat der Klass 3GSO2 den Atelier "Des bonnes notes pour des bon·nes citoyen·nes" duerchgefouert. D’Schüler hunn sech kritesch mat der Fro auserneegesat, wéi d’Donnéeën déi iwwert eis all gesammelt ginn, benotzt ginn.

 

E grousse Merci un all eis extern Partner an Intervenant:innen, déi dës Deeg mat hirem Asaz a Wëssen zu engem liewegen a léierräiche Schoulofschloss bäigedroen hunn!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons