D'VP ob Besuch bei BeeSecure

D'VP ob Besuch bei BeeSecure

D’Schülerinnen a Schüler aus der 5P haten d’Geleeënheet, un enger besonnesch flotter a léierräicher Sortie deelzehuelen: si waren op Besuch bei BeeSecure, wou si en interaktive „Escape Game“ erlieft hunn. 

Fir en Androck vun dësem Dag ze kréien, hu Schüler aus der 6P e puer Participanten interviewt. Hir Réckmeldunge weisen däitlech: et war eng Erfarung, déi begeeschtert huet.

Den Dag huet moies fréi ugefaangen, mat enger gemeinsamer Rees mam ëffentlechen Transport op de Geesseknäppchen. Op der Plaz ukomm, goufen d’Schüler a Gruppen agedeelt an hunn direkt missen hir Handyen ofginn - e wichtege Schrëtt, fir sech ganz op d’Aufgaben ze konzentréieren.

Am Escape Room selwer ware virun allem Teamwork, Logik an Observatiounsfäegkeet gefrot. D’Schüler hu missen:

  • Rätsel léisen 
  • Codes knacken 
  • verstoppt Objeten entdecken 
  • Informatiounen zesummesetzen 

All Detail am Raum konnt wichteg sinn – vu klengen Indicen iwwer Schlëssele bis hin zu digitalen Elementer wéi Computer oder Handyen.

Nieft dëser Aktivitéit haten d’Schüler och d’Méiglechkeet, selwer kreativ ze ginn: si hunn an enger zweeter Phase eegestänneg Rätsel a Spiller entwéckelt, wéi wann si hiren eegenen Escape Room géife konzipéieren. Doduerch hu si net nëmmen Aufgabe geléist, mee och e méi déif Abléck an d’Konzept an d’Opbau vun esou Spiller kritt.

Vill Participanten hunn ervirgehuewen, wéi spannend et war, ëmmer nees nei Kombinatiounen a Léisungsweeër ze fannen. Och wann et heiansdo usprochsvoll war, huet genee dat de Reiz ausgemaach. E puer Gruppe konnten esouguer besonnesch séier d’Aufgabe meeschteren an aus dem Raum entkommen.

Nieft dem Léieren an der Aarbecht war natierlech och Zäit fir sozial Momenter: d’Mëttespaus gouf genotzt, fir zesummen z’iessen an den Dag ze genéissen.

D’Conclusioun vun de Schüler ass kloer: Eng „mega cool“ Erfarung, déi Spaass gemaach huet, d’Zesummenaarbecht gestäerkt huet an dobäi nach vill geléiert huet.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons