Den Theatergrupp TheAtert aus dem Atert Lycée Réiden, deen zanter 2019 mat groussem Succès aktiv ass, presentéiert dëst Joer dem Molière säi Klassiker „De Malade imaginär“ op Lëtzebuergesch!
D'Opféierungen hunn den 2. a 3. Mee 2025 am Festsall vum Atert Lycée statt fonnt.
D'Stéck erzielt mat Humor a Satir d'Geschicht vum Argan, engem Mann, deen sech aus Angscht viru Krankheete ganz an d'Hänn vu senge Scharlatan-Doktere begëtt. Seng besuergt Famill a Frënn versichen hie mat Tricks vun dëser Obsessioun ze befreien. Eng zäitlos Komedie iwwert déi mënschlech Schwächten, déi sécherlech fir vill Laache wäert suergen!
Dës Produktioun ass Deel vun eiser Talentfërderung “ALR Talents” fir Schüler a Schülerinne vun der 4e un, déi mat Leidenschaft a Begeeschterung um Projet matwierken. Kommt laanscht a losst Iech vun eiser jonk-dynamescher Ekipp verzauberen! Et spille mat: Leonor Alves Rios, Lara Da Silva, Marylène Deltgen, Sophie Fessaguet, Betty Goerens, Sam Gringmuth, Lisa Jans, Liz Jungblut, Liz Lanners, Noémie Less, Nami Loutsch Giannico, Jil Manderscheid, Pascale Mayers, Mara Reuter, Lirina Rigot a Jenny Zeimes. Regie: Cathy Faltz a Carole Matgen, mat der Ënnerstëtzung vum Alain Adams.