D’Schouljoër ass elo an der leschter Ronn an heimadder wëlle mir d‘Campagne #UPBOOKING fir dëst Joër nei lancéieren.
Et geet drëm, dass d’Schüler*inne hir gebrauchte Bicher ofgin an och gebrauchte Bicher fir dat nächst Schouljoër benotzen. Wann d’Schüler op dësem Wee gebrauchte Bicher iwwerhuelen, kréie si an der Librairie e Bong vu 50% vum Neiwäert vun dëse Bicher. Domadder kënne si sech dann aner Bicher oder soss eppes eraussichen. Et lount sech deemno also.