No der 3GPS huet och 3CC viru Kuerzem de "Scienteens Lab" op der Uni Belval besicht.
Am 1. Semester hunn d'Schülerinnen an d'Schüler am Bio-Cours theoretesch Grondlagen zu de Proteiner an Enzymer kenne geléiert. Elo hate sie d'Méiglechkeet, an engem Uni-Labo eng Enzym aus Bakterien z'extrahéieren an hier Aktivitéit nozeweisen. D'Schaffe mat der Mikropipette konnt weider geübt ginn, d'Isoléierung vun enger Protein mat Hëllef vu Säulen, d'Optrennen mat Elektrophorese, den Aktivitéits-Noweis an d'Spezifizitéit vun Enzymer ware Schwéierpunkten.