D’2GSO1 an d’2GSO2 bei Peintures Robin

D’2GSO1 an d’2GSO2 bei Peintures Robin

Den 30 Mäerz hunn d’Schüler aus der 2GSO1 an der 2GSO2 eng Visitt vum eenzege lëtzebuergesche Faarwenhiersteller, Peintures Robin, gemaach.

Wärend déi eng Klass den Produktiounsoflaf an der Fabrick zu Useldeng gewise krut, huet déi aner Klass un enger Presentatioun vum Direkter vu Peintures Robin, dem Här Gérard Zoller, deelgeholl wou si eng Introduktioun an d’Holakratie kruten. No enger Stonn gouf getosch.

Besonnesch d’Holakratie war fir eis Schüler interessant well si am Soziologie Cours déi historesch Entwécklung vun Wäerter an der Aarbechtswelt behandelt hunn. A bei der Holakratie geet et em een neien, bal revolutionären, Konzept fir ee Betrib ze leeden. Déi traditionell hierarchesch Organisatioun gëtt gréisstendeels ofgeschaaft, d’Mataarbechter bestëmme selwer iwwert hire Service an iwwerhuelen och d’Verantwortung. Dëst erlaabt et de Betriber an Organisatiounen hier Mataarbechter ze motivéieren a méi séier an effikass op Verännerunge vun hirem Ëmfeld ze reagéieren.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons