Och dëst Joer sti vill Optioune fir d'Schouljoer 2023/24 zur Auswiel, dëst aus ganz verschiddene Beräicher: Sproochen, Sport, Technik, Kichen, Konscht, Naturwëssenschaften, ...
Aschreiwungsprozedur:
Fir sech an eng Optioun anzeschreiwen, muss een tëscht dem 26. Juni an 30. Juni am Schülersekretariat passéiert sinn fir säi Choix unzeginn.
Mir starte mat den Aschreiwungen méindes, de 26. Juni um 12:15 Auer an der Mëttespaus, fir datt jiddereen, dee wëllt, sech direkt aschreiwe goe kann.
OPPASSEN:
- Eng Rei Optiounen hu nëmme begrenzte Plazen, wien also sécher wëll sinn, säin 1. Choix ze kréien, huet besser fréi virstelleg ze ginn!
- Iwwerleet iech och ëmmer direkt een zweeten oder drëtte Choix, falls är Optioun net méi disponibel ass.
Mir kënnen och NET garantéieren, datt är Wonschoptioun leeft, dee Moment kucke mir mat iech zesummen, a wat fir eng Optioun mir iech aschreiwe kënnen.
All d'Optioune sinn am Dokument dat dir iech erof luede kënnt beschriwwen.