BTS RH - une journée de visites enrichissantes
Featured

BTS RH - une journée de visites enrichissantes

Dans le cadre d’une activité de gestion de projets, les étudiants de la B2RH ont organisé, le 17 décembre, trois visites d’entreprises.

La journée a débuté par une visite guidée des locaux de la société La Provencale à Leudelange, suivie d’un retour vers Luxembourg-ville où a eu lieu un exposé traitant de l’approche RH de Servior. Après une pause gourmande au Chrëschtmaart, les visites se sont poursuivies avec une présentation intéressante de l’activité RH de la BCEE. 

En l’espace de quelques heures, nos étudiants ont eu l’occasion de découvrir les stratégies adoptées par ces trois entreprises en matière de gestion des ressources humaines. Ils ont été informés sur le terrain des défis auxquelles ces entreprises font face, ainsi que des solutions qu’elles mettent en œuvre.

Nous adressons nos sincères remerciements aux guides et formateurs de La Provençale, de Servior et de la BCEE pour le temps et les efforts qu’ils ont généreusement consacrés à cet échange, témoignage de leur engagement envers l’éducation des jeunes.

 

Am Kader vun enger Aktivitéit iwwert Projektmanagement hunn d’Studenten aus eiser B2RH de 17. Dezember dräi Betribsvisitten organiséiert.

Den Dag huet mat enger Visitt vun de Raimlechkeete vun der Firma La Provençale zu Leideleng ugefaangen. Zeréck an der Stad hunn d’Studenten un engem Exposé iwwert den HR-Usaz vu Servior deelgeholl. No engem kulinaresche Stopp um Chrëschtmaart goufen duerno d’Visitte mat enger Presentatioun iwwer d’HR-Aktivitéite vun der Spuerkeess (BCEE) ofgeschloss.

An nëmmen e puer Stonnen hunn eis Studenten d’Geleeënheet gehat, d’Strategië vun dësen dräi Betriber am Beräich vun de Ressources humaines kennenzeléieren. Si kruten en direkten Abléck an d’Erausfuerderungen, deenen dës Betriber sech stellen, an déi Léisungen, déi si an der Praxis ëmsetzen.

Mir soen eise gréisste Merci un d’Guiden an d’Formateure vu La Provençale, Servior an der BCEE fir hir Zäit an Efforten, déi si generéis fir dësen Austausch zur Verfügung gestallt hunn – en Zeeche vun hirem Engagement fir d’Bildung vun der Jugend.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons