Dir wollt schonn ëmmer méi iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wëssen? Da kommt an entdeckt d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).
Wou?
Atert-Lycée Redange (um éischte Stack bei der Bibliothéik)
1 Rue du Lycée
L-8508 Redange
Wéini?
1. – 10. Oktober 2024
D’Ausstellung ass wärend den Ëffnungszäite vum Lycée op fir de Public:
méindes – freides: 08:00 – 17:00
samschdes: 08:00 – 12:00
Fir wien?
D’Ausstellung riicht sech u Jonker an Erwuessener.
D’Inhalter sinn op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.
Et gëtt och e Rallye fir Kanner (10+).
Den Entrée ass gratis.
D’Ausstellung versteet sech als Invitatioun, sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat dësen Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten an Dialekter, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Wéi gesäit déi offiziell a gesellschaftlech Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg aus?
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi huet sech d’Lëtzebuerger Sprooch an de leschten 200 Joer entwéckelt?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och interaktiv Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.
Wann Dir Froen hutt oder méi Informatioune wëllt, da kontaktéiert den ZLS: