Mat der 1. Editioun vum ALRox 2026 – „Mir ginn un eis Grenzen!“ huet d'Option Sport vum ALR ënnert der Leedung vum Manon Zeig a Jessie Heintz dëst Joer eng nei an usprochsvoll Sportmanifestatioun an de LASEL-Kalenner integréiert.
Zum Ofschloss vum Schouljoer gouf dësen Event och fir déi ganz Schoul organiséiert a war direkt e grousse Succès.
Nieft den Eenzelcompetitiounen am Cycle inférieur an am Cycle supérieur fir eis Athletinnen an Athlete gouf et och eng Teamkategorie, déi besonnesch gutt ukomm ass. Déi staark sportlech Leeschtungen, d'Begeeschterung nom gepackten Hyrox an déi exzellent Stëmmung hunn, trotz de waarmen Temperaturen, fir eng flott an hëtzeg Atmosphär gesuergt.
Een Extrapräis ass un zwou Schülerinnen gaangen, déi de ganze Parcours a kreativer Verkleedung absolvéiert hunn an domat bewisen hunn, datt nieft der sportlecher Leeschtung och de Spaass net ze kuerz komm ass.
Och eisen Direkter, Jeff Kohnen, huet sech der Erausfuerderung gestalt an säin alleréischten Hyrox erfollegräich op der zweeter Plaz ofgeschloss. Gläichzäiteg war dëst fir hien e sportlechen Ofschloss vu senger Zäit um ALR, ier hien sech ab September enger neier Erausfuerderung an engem anere Lycée stellt.
Hei fannt Dir e puer Andréck vun dësem gelongenen Event a Form vun engem klenge Video (e grousse Merci un de Steve Mondaini), souwéi d'Präisiwwerreechung an e puer sportlech Andréck.
Enger zweeter Editioun vum ALRox steet näischt méi am Wee!