ALR Latin - Excursion Trèves

ALR Latin - Excursion Trèves

Den 21 Oktober 2022 sinn all d’Latinisten aus dem ALR op Tréier gefuer fir sech do am Rheinischen Landesmuseum d’Ausstellung « Untergang des Römischen Reiches » unzekucken.

Hei e klenge Bericht wéi d’Schüler vun der 6CL, der 5CL, der 4CL an och der 3CL den Dag erliewt hunn :

Um 7h30 si mer mam Bus beim Lycée fortgefuer. D’Madamm Lepage huet ons frësch Kaffiskichelcher matbruet fir eis trotz der fréier Stonn bei Laun ze halen. Am Musée ukomm, wou den Här Kohnen och schonn pünktlech op eis gewaart huet, goufe mer an 2 Gruppen agedeelt a kruten eng Féierung vun 2 Stonnen. Do hu mir mat Begeeschterung eisem Guide nogelauschtert, deen eis mat interessanten Fakten a mol méi oder manner flotten interaktiven Froen duerch déi verschidden Ausstellungsraim begleet huet. Mir kruten déi verschiddenen Etappen vum Enn vum Ostréimesche Räich erkläert a konnten original Géigestänn aus dëser Zäit bewonneren, wei zum Beispill wonnerschéi Bijouen. Ausserdeem huet d´Hellegkeet vun de verschiddene Raim d'Stëmmung reflektéiert, déi deemools geherrscht huet. Sou war et interessant ze gesinn, wei et vun engem gutt fonktionnéierende Räich (an engem helle Raum) zu enger düsterer an bedreelecher Situatioun komm ass. Dëst gouf och mat beängschtegender Musek an rouder Luucht anschaulech demonstréiert.  Mir hunn wäertvoll an eenzegaarteg Erënnerungen konnten schafen an hunn vill nei Fakten an Wëssen gesammelt.

Zum Schluss krute mer d’Madamm Lepage iwwerriet op den Troun ze klammen an hunn dat Bild misse festhalen :

Dono si mer d’Konstantin Basilika kucke gaangen an d’Schüler vun der 4CL ware mega motivéiert an hunn do Vokabelen geléiert. Spéider hu mir am Restaurant « Zum Domstein » giess. Si bidden réimesch Plat’en un an am Sall wou mer giess hunn ware vill Ausstellungsstécker. Eise Menü war folgenden :

Klassesch Versioun :
- Lucanicae Fabaciae virides oder vegetaresch Acetaria romana variatio cum liquamine in grano acetario
- Pullus Allecatus oder vegetarsch Cucurbitas et carotae frictas
- Patina de piris

Leider gouf am Restaurant eng Handy fräi Zone ausgesprach, soss kéinte mer iech lo Fotoen weisen. D’Iessen war op jiddefalls besonnesch (cf. « Die spinnen, die Römer ! »), mä awer eng interessant Erfarung.

Dono hate mer zwou Stonnen Fräizäit zu Tréier. Jiddereen war shoppen. Um 15h40 hu mer eis bei der Porta Nigra (op Lëtzebuergesch « schwaarz Dier ») getraff an eng lescht Gruppefoto gemaach.

Am Bus fir heem hate mer och nach vill Freed, vrun allem d’Jongen vun der 3CL an den Här Dupong, mä wat do geschitt ass hale mer besser fir eis...verba volant, scripta manent ;)

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons