3GPS war am Scienteensla
Featured

3GPS war am Scienteensla

Den 05.05.2026 huet d’Klass 3GPS eng spannend Rees an d’Welt vun der Fuerschung gemaach: si waren am Scienteens Lab vun der Université du Luxembourg um Campus Belval.

Am Atelier „DNA on the tanning bed“ konnten d’Schüler:Inne selwer an d’Roll vu Wëssenschaftler schlüpfen an modern molekularbiologesch Methoden ausproberen.

Am Labo hunn si DNA aus Bakterien isoléiert, déi ënnerschiddlech behandelt goufen: e puer goufen ouni Schutz staarker UV-Stralung ausgesat, anerer waren duerch Sonnecrème geschützt. Fir erauszefannen, wéi staark d’DNA beschiedegt gouf, hu si e bestëmmte Gen mat PCR vervielfältegt an d’Resultater mat Hëllef vun enger Gel-Elektrophores analyséiert.

D’Resultater ware kloer a beandrockend: UV-Stralen féieren zu Verännerungen an der DNA, wärend Sonnecrème effektiv schützt. Duerch dëst praktescht Experiment hunn d’Schüler:Inne net nëmmen nei Labo-Techniken geléiert, mee och mat eegene Aen gesinn, wéi wichteg et ass, sech géint UV-Stralung ze schützen.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons