3CG: Zesummen op Krisesituatioune virbereet

3CG: Zesummen op Krisesituatioune virbereet

De 5. Oktober 2026 hunn d'Schülerinnen a Schüler vun der 3CG vum Atert-Lycée Redange zu Huelmes un der neier SNJ-Aktivitéit „CliC – Climate Competent“ deelgeholl.

Am Mëttelpunkt stoung d'Fro, wéi jonk Mënsche sech op extrem Wiederphenomeener wéi Iwwerschwemmungen oder Hëtzewelle virbereede kënnen.

Dobäi hu si sech mat engem Noutrucksak fir déi éischt 72 Stonnen an der Bedeitung vun zouverlässegen Informatioune beschäftegt. D'Aktivitéit verbënnt Wëssen iwwer de Klimawandel mat praktescher Krisevirbereedung a stäerkt d'Selbststännegkeet, d'Zesummenaarbecht an d'Vertrauen an déi eegen Handlungsfäegkeet. Och den Inneminister war deen Dag op Besuch, fir dat neit Angebot kennenzeléieren.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons