Am Kader vun der Journée de la Mémoire de l’Holocauste hunn eng 40 Schülerinnen a Schüler a 4 Enseignanten dat fréiert sougenannten “Jüdisches Altenheim” zu Fünfbrunnen besicht.
Si hunn do d’Geschicht vum fréiere Klouschter, wat d’Nazien am 2. Weltkrich als Internéierungslager fir d’Judden zu Lëtzebuerg mëssbraucht hunn, entdeckt. Unhand vu Kopië vun Dokumenter, Bréiwer a Fotoen aus där Zäit hunn si ënner Uleedung vun der Madamm Véronique Bastian an dem Här Fränz Siebenaller d’Liewensgeschicht vu 4 Leit rekonstruéiert.
Dono hunn de Julien Joseph an de Rob Ruijs, témoins de la deuxième génération, d’Geschicht vun hirer Famill ganz andrécklech erzielt an op Froe geäntwert. Den Dag ass mat engem Moment vu stëllem Gedenke beim Holocaust-Denkmal op en Enn gaangen.
Dem Zentrum fir Politesch Bildung e grousse Merci fir déi interessant Visitt. Der Oeuvre Nationale soe mir Merci, well si de Bus finanzéiert hu fir iwwerhaapt kënnen op Fünbrunnen ze fueren.