2 Schülerinnen aus dem ALR goufen ausgezeechent

2 Schülerinnen aus dem ALR goufen ausgezeechent

De 6. Juli 2026 goufen 2 vun eise Primanerinne fir hir exzellent Resultater an de Sciences économiques et sociales ausgezeechent.

D'Marlyne Leclerc Seyler (1CG) an d'Vanessa Nanquette Lee (1GSO) waren ënner deene beschte Schülerinne vun hirer Sektioun a kruten dofir e Präis vun der Conférence des professeurs en sciences économiques et sociales (CNPSES) an der Chambre de commerce iwwereescht. 

No 2 kuerzen Usprochen vum President vun der Chambre de commerce Carlo Thelen an och dem President vun der CNPSES, huet den Tom Haas, Direkter vum Statec, en intressante Virtrag gehal iwwer d'Evolutioun vu statisteschen Daten a Prognosen, an och opgewise wéi si an där rezenter Tripartite de politeschen Decideuren Input konnte liwweren. Dono huet de Maurice Bauer, Rapporter vum Staatsbudget vun 2026, seng Gléckwënsch iwwermëttelt. 

Am Uschloss kruten di 40 Laureaten a Lauretinnen vun Investas e flotte Kado iwwereescht, éier dono bei engem Pättchen op si ugestouss gouf.

Bravo hinnen 2 an och all deenen anere Laureatinnen a Laureaten. 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons