D'Giulia DE CILLIS, d'Anne-Laure MATHIEU an de Leo PFEFFERMANN aus dem ALR hunn de leschte Samschdeg mat hirem Produit FLOWEA déi zweet Plaz bei der Trashform Competition vum LIST beluecht.
Am Laf vum leschte Schouljoer hunn si am Kader vum Talents Trashformers dru geschafft, aus ofgelafe Verbänn en neien an nohaltege Produit ze entwéckelen. No enger Materialanalys, villem Brainstorming, verschiddenen Iddien an Ëmfroen ass schliisslech d’Iddi vun FLOWEA entstanen: nohalteg Binden, déi ee wäschen a soumat puermol benotze kann.
Bei der Finall vum leschte Samschdeg hunn d'Schüler hire Produit virgestallt. Dobäi hunn si e gutt preparéierte Pitch gehalen, e selwer genéite Prototyp virgestallt, an an engem Video gewisen wéi FLOWEA opgebaut ass, an aus wéi enge Materialien et besteet.
Hiren Asaz an hir Aarbecht goufe mat enger flotter zweeter Plaz belount.