Den ALR huet de Gewënn vum Chrëschtmaart un zwou Associatiounen weider ginn.

Den ALR huet de Gewënn vum Chrëschtmaart un zwou Associatiounen weider ginn.

Wéi all Joer huet den Atert-Lycée den Erléis vu sengem traditionelle Chrëschtmaart u karitativ Organisatioune gespent.

Dank dem aussergewéinlechen Engagement vun der ganzer Schoulgemeinschaft konnt dëst Joer eng impressionant Zomm vu 15.000 Euro gesammelt ginn.

Am Kader vun enger offizieller Iwwerreechung huet de Direkter Jeff Kohnen zesummen mat der Organisatiounsequipe vum Chrëschtmaart an de Vertrieder vum Elterecomité jeeweils 7.500 Euro un zwou ausgewielte Vereenegungen iwwerreecht: d’Association pour Mal-Voyants et Aveugles (A.M.V.A), déi sech fir sehbehënnert a blann Mënschen zu Lëtzebuerg asetzt, souwéi d’Association luxembourgeoise des groupes sportifs pour cardiaques, déi sportlech Aktivitéite fir häerzkrank Mënsche fërdert.

Besonnesch ervirzehiewen ass, datt dëse ganze Gewënn an nëmmen engem eenzegen Dag um Chrëschtmaart vum ALR erwirtschaft gouf – en impressionant Zeeche fir de staarken Zesummenhalt an de sozialen Engagement vun de Schüler:innen, Enseignanten, Mataarbechter:innen, Elteren an der ganzer Schoulgemeinschaft.

De Chrëschtmaart vum Atert-Lycée zielt mëttlerweil zu de gréisste vu senger Zort am Kanton Réiden an ass scho laang eng fest Traditioun ginn. Besonnesch flott ass dobäi, datt och vill fréier Schüler:innen Joer fir Joer an hir „al“ Schoul zeréckkommen, fir de Chrëschtmaart ze besichen an dës speziell Atmosphär nach eng Kéier ze erliewen.

D’Vertrieder:innen vun deenen zwou Organisatioune ware staark beréiert vun där generéiser Spend an hunn dat aussergewéinlecht Engagement vun der ALR-Schoulgemeinschaft ënnerstrach.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons