E Mëttwoch Moien, hunn d'Schülerinnen a Schüler vun der 4GSO un zwee Fairtrade-Atelieren deelgeholl, déi vum Jacquie Linden geleet goufen.
An engem éischten Atelier, dem Fairtrade Breakfast, kruten si Fairtrade Produiten ze schmaachen a sinn dobäi Interessantes iwwer d'Hierkonft an d'Produktiounsbedéngunge vun de Liewensmëttel gewuer ginn, déi Moies op villen Kaffisdëscher ze fanne sinn.
Am Uschloss hu si um Atelier Fair Fashion deelgeholl. Hei goufen d'Jugendlech dozou ugereegt, hir eege Konsumgewunnechten am Beräich vun der Moud ze hannerfroen. Mat Hëllef vun Infografiken an interaktiven Aktivitéiten hu si sech mat de Froen auserneegesat, wou eis Kleeder hierkommen a wéi eng Leit hannert der Produktioun vu Kleeder, Schong an Accessoire stinn a wéi kleng den Undeel vum Verkafspräis ass, dee finalement bei de Fabricksaarbechter ukënnt.
Am Nomëtten, hunn d'Schülerinnen a Schüler vun der 2GSO um Atelier J’ai rien à cacher?! Données, surveillance et vie privée vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) deelgeholl. D‘Samira Merenz huet si bei dësem Atelier begleet wou si sech mat den Themen Big Data, digital Iwwerwaachung a Schutz vun der Privatsphär auserneegesat hunn. D'Schülerinnen a Schüler hunn diskutéiert, wéi perséinlech Donnéeë gesammelt a benotzt ginn, wéi Privatsphär am Internet geschützt ka ginn a wéi falsch Informatiounen eis Gesellschaft beaflosse kënnen.
Ee grousse Merci un d‘Jacquie Linden an d’Samira Merenz fir dës flott Aktivitéiten, bei deenen Theme behandelt goufen déi net esou dacks an hirem Unterrecht optauchen.