
Op der éischter Competitioun vun der LASEL am neie Schouljoer, dem Walfer Vollekslaf, hu sech 21 Schülerinnen a Schüler dem naasse Wierder gestallt.
Um Cross am Bambësch huet de Ben Koenig et op déi zweet Träppche vum Podium gepackt.
12 Schülerinnen a Schüler hunn um Bike Day vun der LASEL hiert Kënnen um Vëlo bewisen.
Am Basketball hunn eis 2 Equippe jeeweils 1 Match gewonnen.
Um Dëschtennis Championnat hunn 8 Schüler deelgeholl. Mir gratuléieren dem Pol Kanivé fir säi Championstitel an dem Nick Ferber fir seng excellent zweete Platz.
Op heemeschem Terrain hunn 32 Schülerinnen a Schüler den ALR am Duathlon verdeedegt an hunn vill Titele konnte sammelen. Eng zweete Platz gouf et an de verschiddenen Alterskategorië fir d’Jackie Beckers, Amy Breuer, Emma Harpes a Noé Ury an eng drëtt Placéierung fir d’Martine Pierrot an d'Julie Leistico.
All eise Schülerinnen a Schüler e grousse Merci fir hiert Engagement an der LASEL an am allgemenge fir de Sport.