Léif ALR-er, an dëser Zäit wou mer doheem bleiwe sollen ass de Risiko zur Couch-Potato ze mutéiere ganz grouss. D'Sportdepartement vum ALR géing iech gär hëllefen dogéint virzegoen.

sportteaser

All Dag ginn 1-2 Video'en hei eropgelueden (ausserdem op Facebook a YouTube) mat engem Workout fir matzemaachen.

Hoffentlech kann dëst deen een oder anere vun iech motivéieren all Dag eng kleng Sport-Session anzeleeën.

An dësem Kontext ass et awer (aktuell) ganz wichteg puer Reegelen anzehalen:

1 - keng ze intensiv Ustrengungen, also kee maximalen Effort zu kengem Moment

2 - op kee Fall Sport maachen, wann der Féiwer hutt oder viru puer Deeg Féiwer hat

3 - wann der raus spadséieren oder lafe gitt oder Vëlo fueren, da passt op ëmmer genuch Ofstand zu anere Leit ze halen

4 - d'Übungen an den diverse Workouts solle kontrolléiert a richteg gemaach ginn (et geet net drëm sou vill oder sou séier Widderhuelunge wéi méiglech ze maachen). Wann eng Übung ze schwéier ass oder an iergendenger Form wéi deet, da soll se wechgelooss ginn (net forcéieren).

All Zort vu Beweegung ass gutt, dat mussen net des Workouts sinn, mee hoffentlech hëllefen se e puer Leit sech motivéiert ze kréien.

TagCloud