De Mëttwoch 13. Mee haten 127 Schüler vun 11e an 12e Klassen aus dem ALR d‘Geleegenheet fir sech mat Politiker iwwert zwou Referendumsfroen vum 7. Juni 2015 auszetauschen.

2015_austauschreferendum

Net manner wéi 7 Députéierten haten de Wee op Réide fonnt, fir d’Schüler vun hirer Positioun z’iwwerzeegen. No enger Aféierung an d‘Thematik hunn d’Schüler mat Hëllef vun der Wahlanlag, déi d‘Jugendparlament eis zur Verfügung gestallt hat, iwwert d’Froen zum Wahlrecht ab 16 Joer an zum Auslännenwahlrecht ofgestëmmt. Duerno konnten d’Schüler sech a Gruppen mat de Politiker austauschen. Do haten d‘Schüler an zwou Ronnen d‘Geleegenheet souwuel mat de Vertrieder vum Nee wéi mat deenen vum Jo ze diskutéieren.

- Fotoen

TagCloud