D’Schülerinnen a Schüler vun de Klassen 12eCG an 3eDG hate kierzlech am ALR d’Gelegenheet, déi grouss Politik um eegene Laif ze erfueren.

eu_simulatioun

Eng Simulatioun, organiséiert vum Informatiounsbureau fir d’EU a Lëtzebuerg, huet hinnen déi schwiereg Diskussiounen zum brandaktuellen Thema vun der Flüchtlingskris an Europa méi no bruecht.

D’Schüler hunn sech an d’Rolle vun de Ministeren vum Rot vun der EU souwéi an d‘Positiounen vun de Fraktiounen am Europäesche Parlament raversat, a probéiert, wéi hir erwuessen Ebenbilder, zu enger Léisung ze fannen.

Ergänzt gouf déi interessant Erfahrung fir eis Schüler duerch een animéierten Hearing mam MdEP Claude Turmes, deen een éierlechen Austausch mat de Schüler net gescheit huet a probéiert huet, hinnen seng komplex Aarbecht am EP méi no ze bréngen.

 

Galerie de photos

TagCloud