E Mëttwoch, 4. März 2015, wor d'10e PS am Kader vum Education à la citoyenneté - Cours op Visite an der Chamber.

chamber

Nodeems d'Guide, d'Madame Heinen, e puer Detailler zur Geschicht vum Gebei ginn hat, kumm de Chamberpräsident, den Här Mars Di Bartolomeo perséinlech fir de Plenarsall ze erklären an de Schüler Riet an Äntwert ze stoen. Am Ufank vum Schouljoër hat d'Klass hie per Mail kontaktéiert an hien hat sech direkt bereet gewisen, fir sech eemol ze gesinn. D'Klass huet gutt Froe gestallt an de Präsident huet kloer geäntwert. No der Foto huet den Här Bartolomeo misse fort, d'Visite huet dunn nach iwwert de Balkon gefouert fir bei der Regie opzehalen.

TagCloud