Donneschdes, den 2. Februar 2017 hunn d‘2e nees de Wee an d’Chamber fonnt.

TSChamber2

Do goung et duerch d’hënnescht Dier an dat historescht Gebai eran, dat zënter 1860 den offizielle Sëtz vun der „Chambre des Députés“ ass. An der Chamber goufen mir vun der Madame Heinen (responsable des Relations publiques) empfaangen. Als aller éischt kruten mir den ganzen Studio vun der « Chamber TV » gewisen, déi all ëffentlech Sitzung vun der Chamber live ophëlt an um Chamber TV an um Internetsite vun der Chamber diffuséiert. Vun hei aus kennen déi sämtlech Kamera’en déi am Gebai installéiert sinn gesteiert ginn.

1_Foto_Laura
2_Foto_Gianna
3_Foto_Laura

Duerno sinn mir an den Vestibule gaangen, wou een risegt Bild vun eisem éischten Grand-Duc Adolf hänkt. Do hunn d’Mme Heinen an den Norddeputéierten André Bauler, eis  ee puer geschichtlech Hannergrondinformatiounen zur Lëtzebuerger Geschicht an där vum aktuellen Chamber's Gebai erzielt.

4_Foto_Mike
5_Foto_Vanessa

Dunn, hunn déi zwee eis an den Sëtzungssall wou d’Debatten gefouert ginn geleet, wou mir dann d’Éier haten eis op een Stull vun engem vun deenen 60 Deputéierten oder vun den Ministeren ze setzen.

7_Foto_Gianna
8_Foto_Gianna

Et war spannend ze gesinn op wéi engem Schreifdësch mir sutzen. Hei kruten mir den Oflaf vun enger Sëtzung, d´Fonctionnement vum Parlament an vun deenen eenzelen Chamberskommissiounen, souwéi d'Funktiounen vum President an den Deputéierten méi genau erkläert. 

IMG_4163
Fotoen_Mike_5
Fotoen_Mike_6

Alles an allem war et eng gelongen an interessant Visite, déi eis et erméiglecht huet dat wat mir am theoreteschen Civique-Cours gesinn hunn och eng Kéier am prakteschen ze gesinn. (Max K., Derk, Philippe, Laura, Tessy, Gianna, Michelle, Vanessa, Dave, Maxime)

Fotoen_Laura_4

TagCloud