Hëllef dem Mathemetty "Tricky Eastereggs" ze knacken. Hei fënns de d'Regele vum Concours.
Mathemetty and his Tricky Eastereggs
Déi éischt Editioun vum ALR Ouschterquiz "Tricky Eastereggs" ass vum 21ten bis 25ten Mäerz 2016.
Hëllef dem Mathemetty "Tricky Eastereggs" ze knacken. Hei fënns de d'Regele vum Concours.
Reglement:
- De Concours leeft an der leschter Woch virun der Ouschtervakanz vu méindes, den 21. Mäerz 2016 bis donneschdes, de 24. Mäerz 2016.
- Präisiwwerreechung ass no der Ouschtervakanz am Festsall.
- All Dag gëtt um 9:30 Auer ee Problem publizéiert an den Abgabetermin fir d’Léisung ass den Dag drop moies um 8:00 an der Urn vum Mathemetty.
- De Concours leeft an 3 Kategorien :
- fir déi kleng Hiesercher (7e – 5e/9e)
- fir déi grouss Hiesercher (4e/10e - 1re/13e)
- fir déi al Huesen (Personal aus dem ALR)
- Op all Äntwert muss däin Numm, deng Klass an d’Kategorie dropstoen.
- Dir kënnt op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch äntweren.
- Bewäert gëtt no folgendem System :
- 1 Punkt gëtt et wann s du probéiert hues de Problem ze léisen.
- 2 Punkte kriss du wann s du eng Iddi hues déi an d’Richtung vun der Léisung vum Problem geet.
- 3 Punkte gëtt et wann de Problem ouni Erklärunge richteg geléist ass.
- 4 Punkte kriss du wann de Problem richteg geléist ass awer de Mathemetty d’Mathematiker aus dem ALR froe muss fir deng Äntwert ze verstoen.
- 5 Punkte gëtt et wann de Problem geléist ass mat Erklärungen, datt och de Mathemetty d’Léisung versteet.
De Mathemetty wënscht vill Spaass beim Knobelen.
