En Donneschdeg, den 28 Abrëll, wore Schüler vun der IIIe B, der IIIe C an der IIIe D dee ganzen Dag am Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Kierchbierg. De Sujet vum Dag wor « Cryptographie ou Comment conserver un secret ? »
TeaserScienteensRSA

Uni Lu – Scienteens Lab – Comment conserver un secret ? Cryptographie

 

En Donneschdeg, den 28 Abrëll, wore Schüler vun der IIIe B, der IIIe C an der IIIe D dee ganzen Dag am Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Kierchbierg.

De Sujet vum Dag wor « Cryptographie ou Comment conserver un secret ? »

Dee ganzen Dag hunn eis Schüler Mathé gemaach an hu geléiert wéi eng Methoden et gëtt, fir Noriichten ze verschlësselen a wéi ee Code knackt. Si hunn och geléiert, wéi aktuell Verschlësselunge funktionéieren déi (bal) net ze knacke sinn a wat de mathemateschen Hannergrond ass, datt dat sou ass.

An enger entspaanter Atmosphäre hu si Aktivitéiten, Exercicer a Spiller gemaach a sinn awer och mat knallhaarder Zuelentheorie konfrontéiert ginn. Dee ganzen Dag wore si héich konzentréiert, aktiv bei der Saach an hu sech, wéi ëmmer, virbildlech beholl.

Porte ouverte en ligne

mini teaser bicher

TagCloud