Wou fannen ech d’1.Hëllef Team?
An der Infirmerie vum ALR, dat ass am Couloir fir an d’Sportshal, vis-à-vis vum LEGO Mosaik
Wéini ass d’Infirmerie besat?
All Mëttesstonn vun 12h15 bis 13h05. Et sinn ëmmer minimum 2 Schüler präsent.
Wien hëlleft do?
D’Schüler hun op mannst en 1.Hëllef Cours gemaach. Verschiddener sinn esou guer ausgebilten Ambulanciers.
Wat kann en do kréien?
Alles wat ënner d’1.Hëllef fällt, d.h. Verbänn, Plooschteren, Eispack, Désinfectioun etc. Et kann en och mol en Téi gemaach kréien. Et kritt en natierlech keng Medikamenter.