Mat enger Outdoorkamera an 1 Foto pro Sekonn hu mir d'Aarbechten um Chantier am Haff vum ALR festgehalen.

teaserMiniaturFinal

Den neie Flilléck vum ALR soll jo fir d'Rentrée 2017 fäerdeg sinn, viräusgesat alles leeft no Plang. Am Moment gëtt nach net gebaut, mä den Terrain preparéiert fir de neie Block.
Mir hunn d'Baggeraarbechten vu moies 10 Auer bis 4 Auer Mëttes fotograféiert, alles zu engem Film zesummegesat an e puer Effekter dropgeluecht fir dass dat Ganzt e bëssen ausgesäit ewéi Miniaturen op enger Spillwiss.

Fir dëse kuurze Filmchen vu 72 Sekonnen goufen 21600 Fotoe gemaach.
Vill Spaass beim kukken.

Porte ouverte en ligne

mini teaser bicher

TagCloud