Wéi dir sécher matkritt huet, gëtt den ALR vergréissert. D'Aarbechten hunn am Summer 2016 ugefaangen. Wéi et um Chantier weidergeet gesitt dir hei.
23.11.2016 - Oktober - November
September-Oktober 2016
Den Expert gesäit direkt: HDR!
Dat bedeit et goufen 3 Fotoen ennerschiedlech beliicht an dann openeen geluecht fir dass d'Endresultat vun den Viirdeeler vum Ënnerbeliichten an Iwwerbeliichte ka profitéieren. Pouristen kréien Héngerhaut wann se dat gesinn, trotzdem sinn se flott unzekukken, well een esou vill Dramatik an d'Fotoe kritt. Fir ze vergläichen ass dann och jeweils d'Original ze gesinn.
Dës Fotoe goufen duerch d'Fënster am C1 geknipst. Dëst hat zur Folleg dass Reflexioune vum Glas dra waren, déi dann och nach erausretouchéiert goufen.
Dat Ganzt huet net vill Zäit kascht. HDR gouf mam HDR Pojects 4 professional gemaach, retouchéieren mam Aperture vun Apple an Intensify Pro vu MacPhun, de coloriage mam Tonality Pro vu MacPhun.
Geknipst an editéiert vum Gilbert Klee mat enger Sony RX100M3
3 verschidde Beliichtungen openee geluecht...Héisch Kontraster a Saturatioun...extrem Detailschärft...super dramatesch
Net d'Original, dat wierklech ziemlech langweileg ass.
Also awer HDR, dës Kéier dezent verschafft fir méiglechst vill aus den ze hellen an ze däischter Beräicher eraus ze huelen.
Eemol liicht waarm fuerweg...
Eemol ganz dramatesch...
An d'Original...
3 verschidde Beliichtungen openee geluecht...
Original...
an nach emol mat manner Himmel, dofir méi Struktur ënne. Ech kount mech net entscheeden wéi eng ech ewech soll loossen ;-)