Grousse Succès vun der Aktioun mam Vëlo an den ALR
Grousse Succès vun der Aktioun mam Vëlo an den ALR
Och dëst Joer hunn schons eng ronn 140 Schüler sech moies fréi op den Wee gemeet fir mam Vëlo an d'Schoul ze kommen. 11.000 Kilometer hu mer bis elo zréckgeluecht.
Vill vun eise Schüler hunn vum gudde Wieder profitéiert fir moies mam Vëlo an d'Schoul ze kommen. Em déi 70 Vëloen stungen all Moien beim ALR, an d'Atmosphär waar gelueden vu gudder Laun, Freed un der Bewegung a frëscher Energie. Och den Reen konnt si net ofhalen sou datt och an der zweeter Woch vum Projet nach all Dag em déi 30 Schüler de Wee mam Vëlo an den ALR fond hunn. Sou muncher een huet sech moies doheem um 6 Auer op de Wee gemaach fir bis zu 22 km um Drotiesel zeréckzeleeën. Vill Schüler wollten sech et net entgoe loossen moies bei engem Croissant an engem Schocki éischt Andréck vum Daag auszetauschen. Och eng Rei Proffen sin vum Vëlosféiwer gepakt gin an hunn all Dag fläisseg Kilometer um Vëlo gedréckt fir op d'Schaff ze kommen. Lo free mer eis all op den drëtten Juli wou mer als flotten Ofschloss vun der Aktioun zesummen op Raïchel den Tour de France kucken gin.