D’Schüler vun der 3e latine hunn mat hirem Projet den 1. Präis am Concours “Prix Henri Kugener”, gewonnen, deen all Joer vun der ALPLG (Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec) organiséiert gëtt.

Photologo_TV

Et as hinnen op eng spilleresch an deels sozialkritesch Aart a Weis gelongen di doudeg Sproch vum Latäin rëm opliewen ze loossen an dat un Hand vun engem Film ganz in lingua latina, deen sech um aktuellen Medien-Paysage orientéiert : The Voice, Bachelor, Bares für Rares, Influencer, an villes méi! Kuck iech de Film hei un:

Felicitatiounen un d’Schüler : Pol Besenius (3CLC), Emily Cordier (3CLC), Bob Delli Zotti (3CLD), Jean-Marc Furlano (3CLB), Laura Stadtfeld (3CLC) an Lara Weinandy (3CLD). 

Photoeleves_3CL

An e grousse Merci un all déi, déi si bei hirem Projet ënnerstëtzt hunn !

TagCloud