FAQ: Froen an Äntwerten zum Thema iPads an der Klass. Versioun fir Proffen.

teaserfaq

FAQ: Enseignants au ALR

Mir probéieren hei déi heefegst Froen ze beäntweren. Dëss Lëscht wäert nach wuessen...

Hei ass FAQ fir Schüler an Elteren.

IT4T: Den ALR an de CGIE deelen sech d'Käschten vun den iPads fir d'Enseignants. Dowéinst ass et net dem Enseignant säin an hien brauch net dofir ze bezuelen, kann en awer och net ofkafen, wéi dat bei de one2one iPads vun de Schüler ass.

Am Prinzip, wann den iPad futti ass, zB e Glasbroch huet oder eppes anescht futti ass, well en zB gefall ass oder wann den iPad geklaut gouf, da muss de Besëtzer dofir opkommen. Den ALR réit iech dofir un, ären Assurancier ze kontaktéieren, an no ze froen, op de geleastenen iPad mat couvréiert ass.

Wann den iPad en technescht Problem huet, wat ënnert Garantie vun Apple fällt, zB wann den Akku net uerdnungsgemäss funktionnéiert, oder den LCD Feelerpixel huet, da muss de den iPad an de Bureau vum Service informatique (Block C1) am ALR bréngen.

De Julien Avaux vum CGIE (deen Méindes, Mëttwochs a Freides do ass) bekëmmert sech dann do drëms. An der Regel muss hien den iPad mat op de CGIE huelen, an den iPad gëtt da vun hinne bei Apple geschéckt an du kriss en Ersaz, wann der do sinn.

Vum CGIE installéiert gouf e Zuludesk client deen awer verstoppt ass.

Vum ALR installéiert sinn all déi Apps déi d’cellule de coordination am entspriechende Profil fir IT4T iPads virgesinn huet.

Dat mam Dateschutz a Privatsphär ass e grousst Thema. Well s'du eng Apple ID kriss, bass du natierlech un d'Konditioune vun Apple gebonnen. D'Sécherheet géint Malware ass duerch d'Kontrolle vum Appstore allerdéngs ganz héisch. 
Am ALR ginn all d'iPads iwwert e Programm vun den Administrateurëninstalléiert a konfiguréiert. Mir benotzen am ALR de Zuludesk dofir. Déi zoustänneg Leit sinn am Moment:

  • Meyer Anne
  • Kasel Ben
  • Klee Gilbert

Um WebSite vum CGIE ginn et weider Informatiounen zum Thema Sécherheet a Privatsphär.

Natierlech muss de der bewosst sinn, wéi s du mat denge Medien an Texter ëmgees, wou s de se ofspäichers a wiem s de se schécks.

Jo dat ass kee Problem. Wann déi Apps eppes kaschten muss de se selwer bezuelen. Näischt schwätzt dogéint, d'cellule de coordination unzeschwätzen, déi kann dann iwwert en eventuelle VP (volume purchase) beroden.

 

Wann den iPad, deens du am Kader vum IT4T geléint krus, un denger privater AppleId drunn hänkt geet dat an du kanns dat maachen.

Wann den iPad allerdéngs un enger anerer AppleId hänkt geet dat net, oder du must d'App nach emool kafen a gegebenenfalls och bezuelen. Do kann een natierlech e bësse fuddelen, an dës ID iwwert d'Familienfreigabe un deng privat AppleId drunhänken.

Jo, dëse Guide résuméiert allerdéngs just nëmmen déi allerwichtegst Manipulatiounen.

Guide MS Teams

Author:
Ben Kasel
Date:
Description:

Jo, dëse Guide résuméiert allerdéngs just nëmmen déi allerwichtegst Manipulatiounen.

Guide MS OneNote

Author:
Ben Kasel
Date:
Description:

Download:

TagCloud