FAQ: Froen an Äntwerten zum Thema iPads an der Klass. Fir Schüler/Elteren.

teaserfaq

FAQ: élèves et parents

Dëse Beräich beäntwert heefeg Froen vu Schüler resp. Elteren.

Hei ass d'FAQ fir d'Enseignants aus dem ALR.

Um Website vum CGIE fënns de déi genau Beschreiwung vun den Tarifer déi ufalen. Och steet do wéi laang muss bezuelt ginn.

Jo, all SchülerIn muss eng Apple ID um iPad configuréieren.
Ouni Apple ID funktionnéieren eng Reih Applikatioune net. Eng Apple ID kritt een eréicht ab 16 Joer.

Den ALR huet all Schüler eng Apple ID generéiert. Dës Apple ID huet folgenden Obbäu:
<IAM>@appleid.school.lu
Wann een eng privat Apple ID huet, kann een och déi benotzen. Den ALR allerdéngs réit jidderengem un daat Privat vun dem Schouleschen ze trennen, also méiglechst drop ze verzichten, privat Dokumenter (Fotoen, Videos, ...) um iPad of ze späicheren oder ze synchroniséieren. Dëst geet och zu Laaschten vum klenge Späicher vun 32GB vun den iPads.

Am Prinzip, wann den iPad futti ass, zB e Glasbroch huet oder eppes anescht futti ass, well en zB gefall ass oder wann den iPad geklaut gouf, da muss de Besëtzer dofir opkommen. Den ALR réit iech dofir un, ären Assurancier ze kontaktéieren, an no ze froen, op de geleastenen iPad mat couvréiert ass.

Wann den iPad en technescht Problem huet, wat ënnert Garantie vun Apple fällt, zB wann den Akku net uerdnungsgemäss funktionnéiert, oder den LCD Feelerpixel huet, da muss de den iPad op Walfer bei de CGIE droen. Fir dass dat klappt muss de fir d'éischt e Formulaire online ausfëllen, an zwar bei der "demande de support technique" um WebSite vum CGIE.

Natierlech kanns de fir d'éischt mam Regent schwätzen an da weider Schrëtt ausmaachen. De service informatique vum ALR ass allerdéngs net zoustänneg fir d'Reparatur.

 

Dat mam Dateschutz a Privatsphär ass e grousst Thema. Well s'du eng Apple ID kriss, bass du natierlech un d'Konditioune vun Apple gebonnen. D'Sécherheet géint Malware ass duerch d'Kontrolle vum Appstore allerdéngs ganz héisch. Am ALR ginn all d'iPads iwwert e Programm vun den Administrateurën installéiert a konfiguréiert. Mir benotzen am ALR de Zuludesk dofir. Déi zoustänneg Leit sinn am Moment:

  • Meyer Anne
  • Kasel Ben
  • Klee Gilbert

Um WebSite vum CGIE ginn et weider Informatiounen zum Thema Sécherheet a Privatsphär.
Absolute must(!): Um Site vu Bee Secure stinn all méiglech Informatiounen a Sensibilisatiounskampagnen iwwert d'Benotze vu moderne Medien.

Natierlech muss de der bewosst sinn, wéi s du mat denge Medien an Texter ëm gees, wou s de se ofspäichers a wiem s de se schécks.

Eng SchülerIn déi d'Regele vum Ëmgang mam iPad respektéiert an sech responsabel verhält, soll och dofir belount ginn.
Dowéinst hu mir Profiler fir d'SchülerIn erstallt déi enger SchülerIn méi Fräiheete gi wann hien/hat gutt funktionnéiert. Sou ginn et 3 'Ligen'. Wann d'SchülerIn den iPad kritt, ass hat/hien automatesch an der Liga 'Bronze' a ka sech mat sengem Verhalen erop schaffen.
Wat d'Liga méi héisch ass, wat d'SchülerIn méi Méiglechkeeten respektiv Fräiheeten um iPad huet, zum Beispill selwer den Appstore däerf benotzen.
Dëse Belounungssystem ass keng Iddi vum ALR e gëtt och an anere Läner ewéi a Frankräich mat Erfolleg agesat.

Méi Detailer iwwert eise Belounungssystem fënns du hei: 3 Ligen

 

TagCloud