Iwwer 140 iPads goufen haut un d'Schüler verdeelt an aktivéiert.

teaserremise2018

Remise iPads 2018

De 3. Oktober goufen iwwer 140 iPads mat Pen a Clavier a protection case un d'Schüler verdeelt. D'iPads goufen direkt ausgepaakt an och aktivéiert. No kuerzer Intro vum Här Kohnen huet d'Madame Meyer de Projet de Schüler an den Eltere virgestallt an den Här Klee huet technesch Detailer gekläert. Den Här Kasel huet nach déi läscht Kontrakter ënnerschreiwe gelooss, an dunn kounten d'iPads endlech ausgepaakt an installéiert ginn.

Wéi dat esou am ALR Usus ass, hu fräiwëlleg a méi erfahre Schüler deenen anere gehollef fir hier iPads ze aktivéieren. Grousse Merci also fir hier exemplaresch approche:

Alex Colling
Jyl Kaiser
Alissa Paffetti
Laura De Oliveira Monteiro
Luca Rodrigo
Leila Kies
Shana Pacheco Vilar

TagCloud