matematicas_620x350

 

Ee wichtege Punkt an eisem Alldag, ass déi begleete Léierzäit vu 16h bis 17h30. Eist Haaptzil ass d’Schüler zum autonome Léieren ze motivéieren. Dofir bidde mir hinnen eng Méiglechkeet, sech zäitlech a strukturell ze organiséieren.

D’Léierzäit ass fir all eis Schüler obligatoresch an et besteet och d’Méiglechkeet, je no Bedarf, owes eng zousätzlech fräiwëlleg Etude mat engem Erzéier ze maachen.

D’Erzéier engagéieren sech fir de Schüler déi néideg Ënnerstëtzung bei follgende Punkten ze ginn:

  • Beim selbstännegen Andeele vun hirem Wocheplang
  • Beim Erleedege vun hire schouleschen Aufgaben
  • Bei der Virbereedung op Prüfungen
  • Beim Kenneléiere vu Léierstrategien an zousätzlechem Léiermaterial

D’Schüler schaffen autonom an hirem Zëmmer oder an de Léierstuffen vun hirem Wunngrupp, wou si weider vun den Erzéier begleet ginn. 

A verschiddene Fächer ass et méiglech fir Nohëllef vun engem Enseignant oder vu Schüler aus méi héije Klassen ze kréien.

De Referenzerzéier huet ee reegelméissege Kontakt mam Regent a mat den Elteren fir bei individuelle Léierproblematiken de Schüler gemeinsam ënnerstëtzen ze kënnen. 

Et ass wichteg, dass d’Elteren, nieft dem Internat, och doheem ee Suivi vun den Aufgabe maachen, fir duerch eng gutt Zesummenaarbecht dem Schüler eng optimal Entwécklung ze erméiglechen.

 

Inscriptions - Informations

ALR Bompel Logo inscriptions 23

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Horaires et vacances

Internat goes Facebook

fb

Kalenner

like us on facebook

TagCloud